Wunne mat der Wooltz

En Dënschdeg, den 22. Abrëll 2025 huet de Fonds du Logement den Ofschloss vun de Réibauaarbechten um Chantier Q2-Geetz vum Projet „Wunne mat der Wooltz“ gefeiert.
Net wäit vum Quartier „Public“ a sengem Schoulcampus ewech, entstinn am Quartier „Geetz“ verschidden Zorte Wunnengen, vum Appartement bis zum Eefamilljenhaus, en zentrale Parking fir Gefierer a Vëloen an eng Offallsammelstatioun.
De Projet „Wunne mat der Wooltz“ ass mat sengen 1.085 Logementer méi ewéi e Konzept, et ass eng reegelrecht Liewensweis. De Projet gouf nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft entwéckelt a baséiert op enger solidarescher, gemeinschaftlecher Wirtschaft, nohaltegem Urbanismus an nohalteger Architektur, duusser Mobilitéit an Energieneutralitéit.
D’Fäerdegstellung vun deenen éischte Wunnunitéiten ass fir 2026 geplangt.
Aner Neiegkeeten

Luxembourg Architecture Award: And the winner is…
Weiderliesen

Fussball, gutt Stëmmung an e staarken Teamgeescht!
Weiderliesen

Neie Schoulkomplex Elmen
Weiderliesen