Sweco zu Lëtzebuerg

Sweco ass e multidisziplinären Ingenieur- a Berodungsbüro mat internationaler Ausriichtung, deen awer gläichzäiteg staark zu Lëtzebuerg verankert ass. Dank eiser unerkannter lokaler Expertis an der Ënnerstëtzung vun engem Reseau vun iwwer 23 000 Spezialisten op der ganzer Welt begleede mir eis Clienten bei der Konzeptioun vun nohaltege Gebaier, Infrastrukturen an urbane Projeten. Eis Léisunge kombinéieren technesch Ingenierie, Gestioun vu Projeten, Energie-, Akustik- a Vibratiounsleeschtung mat der Kreeslafwirtschaft, fir den haitegen an zukünftegen Ufuerderunge gerecht ze ginn. Andeems mir ëmwelttechnesch, sozial a wirtschaftlech Aspekter mat abannen, konzipéiere mir Environnementer, déi fir den Notzer entwéckelt goufen, vun Natur aus nohalteg an un all Kontext ugepasst. Bei Sweco zu Lëtzebuerg gestalte mir haut d’Liewensraim vu muer.

Sweco a kuerz

Gegrënnt am
1958
Total Zuel vu Mataarbechter
23 000
Joresëmsaz vum Sweco Group
Ronn 2,7 Milliarden Euro
Standuerter a
Schweden, Norwegen, Finnland, Dänemark, Däitschland, Holland, Groussbritannien, Tschechien, Polen, Estland, Lettland an Irland.

Innovativ Léisunge fir all Projet

Sweco entwéckelt Léisungen op d’Mooss, déi op d’Eenzegaartegkeet vun all Projet an op de jeeweilege spezielle Kontext zougeschnidde sinn. Mat enger multidisziplinärer Approche an enger Innovatiounskultur, déi op Nohaltegkeet ausgeriicht ass, entwéckele mir konkreet Léisunge fir déi aktuell Erausfuerderungen am Bauwiesen. Eis Stäerkt läit an der Kombinatioun vun techneschem Knowhow, strateegescher Visioun an Engagement fir d’Ëmwelt. Doduerch datt mir déi neisten Entwécklungen an de Beräicher Ingenierie a Kreeslafwirtschaft integréieren, bidde mir Léisungen un, déi performant, verantwortungsbewosst a nohalteg sinn. Eis Ekippe schaffen an enker Zesummenaarbecht mat de Clienten, den Architekten an den Entrepreneuren zesummen, fir vun Ufank un dee richtege Choix ze maachen, vun der Konzeptioun bis zum fäerdege Projet.

Eis Wäerter an all Projet

Innovatioun mat Impakt

Innovatioun ass den Hiewel, fir nohaltege Wäert ze schafen. All Erausfuerderung ass eng Chance, fir d’Approchen ze iwwerdenken, néi Léisungen ze erfuerschen a konkreet, pertinent Äntwerten ze liwweren, déi den Ënnerscheed maachen. Mir verwandelen an all Projet Aschränkungen an Opportunitéiten, ëmmer mat deem selwechten Usproch: Eise Clientë Léisungen ze bidden, déi e positiven, miessbaren an nohaltegen Impakt hunn.

Eng spezifesch Approche fir all Projet

An eisen Aen ass all Projet eenzegaarteg. Eis Approche passt sech un de Kontext, den Ëmfang an d’Komplexitéit vun all Missioun un, egal ob et sech ëm en Neibau, eng Renovatioun oder eng nei Notzung handelt. Dës Upassungsfäegkeet garantéiert pertinent, nohalteg Léisungen op d’Mooss, déi den Erwaardunge vum Client, de Contraintë vum Site an den Erausfuerderunge vum Territoire entspriechen.

Am Zentrum steet de Benotzer

All Projet fänkt mat enger einfacher Fro un: Fir wie plange mir? Mir stellen de finale Benotzer an de Mëttelpunkt vun eiser Approche a leeë vill Wäert drop, Confort, Sécherheet a Benotzerfrëndlechkeet ze garantéieren. E Projet ass da komplett gelongen, wann en iwwer déi reng technesch Leeschtung erausgeet an zu engem Liewens-, Aarbechts- oder Duerchgangsraum gëtt, deen inspiréiert, ënnerstëtzt an den Alldag erliichtert.

Eis Kompetenzen

Zu Lëtzebuerg bitt Sweco eng komplett Offer un Déngschtleeschtungen an de Beräicher Ingenierie, Advanced Engineering, Gestioun vu Projeten, Berodung beim Plangen, Begleedung bei der Gestioun vu Gebaier, nohalteg Entwécklung a Kreeslafwirtschaft un. Mat dëser multidisziplinärer Approche si mir an der Lag, kohärent Léisungen ze entwéckelen, déi un d’Ufuerderunge vun all Projet ugepasst sinn an den héchste Standarden a Bezuch op Qualitéit, Leeschtung an Nohaltegkeet entspriechen.

Eis Ekippen entwerfe Gebaier, déi fir eng dagdeeglech Notzung geduecht sinn an bei deene all Choix op d’Wuelbefannen, d’Sécherheet an d’Effikassitéit vun de Benotzer ausgeriicht ass. Déi entwéckelt Léisunge berücksichtegen dobäi d’Verännerung vun den Notzaarten, den Technologien an de Kontexter, fir laangfristeg en nohaltege Wäert ze bidden.

Well mir eis op eisen internationale Reseau stäipe kënnen, verbanne mir lokal Expertis mam Austausch vun Erfarungen um internationalen Niveau. Dës Synergie stäerkt eis Innovatiounsfäegkeet an d’Capacitéit, Léisungen unzebidden, déi un d’Erausfuerderunge vun haut a vu muer ugepasst sinn.

Vun der Konzeptioun bis zum Suivi: eng ëmfaassend Gestioun vum Projet

Mir begleeden eis Clientë bei all Etapp, vun der éischter Skizz bis zu der Optiméierung no der Fäerdegstellung. Eis integréiert Approche garantéiert Kohärenz, Qualitéit an Nohaltegkeet bei all Realisatioun.

  • Konzeptioun a Simulatiounen: Mir bidde fortschrëttlech technesch Simulatiounen (thermesch, elektresch, akustesch asw.), fir d’Konzeptioun ze optiméieren an d’Leeschtunge virauszegesinn.
  • Ufroe vu Geneemegungen: Mir iwwerhuelen déi administrativ an technesch Demarchen: Ëmweltgeneemegungen, Energieeffizienzberichter, Nohaltegkeetscertificaten asw.
  • Begleedung wärend der Duerchféierung: Eis Ingenieure suerge fir d’Conformitéit vun der Duerchféierung: Koordinatioun mat den Entreprisen, Kontroll vun den Anlagen, Anhale vun de Qualitéitsufuerderungen.
  • Suivi an Optiméierung: No der Fäerdegstellung sti mir eise Clientë weider zur Säit: Begleedung beim Abetribhuelen, Suivi vun de Leeschtungen, eventuell Upassungen.

Egal ob et sech ëm Gebaier mat mënschlechen Dimensiounen oder gréisser Projeten handelt, Sweco  ass u ville verschiddenen Zorte vu Projete bedeelegt. Nieft hirer lokaler Verankerung stäipt eis Ekipp sech op en internationale Reseau vun Experten, an dat stäerkt eis Fäegkeet, ëmmer méi geziilt an innovativ Léisungen ubidden ze kënnen.

Mir liwweren nohalteg Léisungen, déi net nëmmen de Besoine vun haut entspriechen, mee och den Erausfuerderunge vu muer virgräifen. Dank kontinuéierlecher Innovatioun, der Ko-Kreatioun mat eise Clienten an enger Approche, bei där de Mënsch am Mëttelpunkt steet, suerge mir dofir, datt all eenzele Projet e positiven, konkreeten an nohaltegen Impakt op d’Gesellschaft an op d’Ëmwelt huet.

Sweco ass haut zu Lëtzebuerg eng féierend Ingenieur- a Berodungsentreprise, déi eng staark Presenz op der Plaz mat engem Reseau vun internationalen Experte kombinéiert. Dës strukturéiert Entwécklung geet aus enger Rei vu strateegeschen Etappen ervir, déi eis Verankerung zu Lëtzebuerg gestäerkt an eis Kompetenze beräichert hunn.

 

2000 – Grënnung vu Betic Ingénieurs-Conseils
D’Entreprise, déi als Büro fir technesch Etüde gerënnt gouf, kritt séier eng zolidd Reputatioun an de Beräicher vum techneschen Ingenieurwiesen a vun der Gestioun vun nohaltege Projeten. Dës lokal Verankerung bleift d’Basis vun eiser Approche.

2020 – Integratioun a VK architects+engineers
Dëse Rapprochement markéiert en éischte Schratt a Richtung Internationaliséierung. En erlaabt eis, eisen Tätegkeetsberäich ëm nei Expertisen ze erweideren, besonnesch an de Beräicher Brandschutz, Akustik a Fassadentechnik.

2022 – EKOplan trëtt Betic bäi
Am September verstäerkt d’Integratioun vum Ingenieursbüro EKOplan eis Kompetenzen an de Beräicher Waasseropbereedung a konsolidéiert gläichzäiteg eis lokal Presenz, andeems se eis den Zougang zu den däitschen an däitschsproochege Mäert zu Lëtzebuerg vereinfacht.

2023 – Integratioun an de Grupp Sweco
VK architects+engineers schléisst sech Sweco un, eent vun de gréissten Ingenieur- an Architektebüroen an Europa. Dës Etapp verschaaft eis Zougang zu engem Reseau vun iwwer 22 000 Experten, kollaborativen Aarbechtsmethoden an dem Fachwësse vun dësem internationale Grupp.

2023 – Boydens Luxembourg schléisst sech Betic un!
Am Juni markéiert d’Integratioun vun der lëtzebuergescher Ekipp vu Boydens Engineering eng weider wichteg Etapp. Dës Fusioun stäerkt eis Positioun um lëtzebuergesche Maart, andeems se d’Zesummenaarbecht, den Austausch an d’Deele vun Erfarungen tëscht de Membere vun deenen zwou Ekippen, déi op technescht Ingenieurwiesen an Advanced Engineering spezialiséiert sinn, fërdert.

2025 – Verstäerkung mat PROgroup a +ImpaKT
2025 vergréissert sech eis Ekipp op en Neits mat der Integratioun vun zwee Lëtzebuerger Büroen: PROgroup, bekannt fir seng Expertis an der integréierter Gestioun vun nohaltegen Immobilien- an urbane Projeten, vun de Maachbarkeetsetüde bis zu der Liwwerung, a +ImpaKT, ënner anerem Expert an Nohaltegkeetsstrategien, ESG-Reporting an digitale Päss vu Produiten (DPP).

2025 – Sweco
Zanter September 2025 positionéiere sech d’Gesellschafte Betic, ProGroup & +Impakt als Sweco-Ekipp um Marché a bidden zesummen hir Déngschleeschtungen am Kader vun engem integréierten Team un. Dës nei Identitéit ass d’Spigelbild vun eiser Entwécklung, eiser Eenheet an eiser Ambitioun. Um juristesche Plang ginn d’Entitéite fir d’Geschäftsjoer 2026 fusionéiert.

Dank dësen Entwécklunge proposéiert Sweco haut zu Lëtzebuerg eng komplett, integréiert Offer, déi op déi haiteg an zukünfteg Erausfuerderungen ausgeriicht ass: technesch Leeschtung, nohalteg Transitioun, kollektiv Intelligenz a miessbaren Impakt. Mir verbanne lokalen Engagement an international Stäerkt, fir d’Projete vu muer ze gestalten.

Wéi kënne mir Iech hëllefen?

Eist Expertenteam steet prett, fir Iech z’ënnerstëtzen an zesummen erauszefannen, wéi mir Iech bei Ärer Ufro kënnen hëllefen. Wann Dir dëst Formulaire ausfëllt, wäert eng Persoun aus eisem Team Iech kontaktéieren. Dëst Formulaire ass ausschliisslech dofir geduecht, méi Informatiounen iwwer eis Sweco Business Solutions unzefroen.
  • Drop files here or
    Max. file size: 50 MB.