Certificatiounen (BREEAM, DGNB, Lenoz, Well)

Sweco begleet d’Bauhären an d’Konzeptiounsekippe bei hiren Demarchen am Zesummenhang mat Ëmweltcertificatiounen, egal ob et sech ëm international (BREEAM, DGNB, WELL) oder national (LENOZ) Standarden handelt.

Projetsspezifesch Strategien a Koordinatioun

Mir definéiere mat eise Clienten eng Strategie, déi op de Projet zougeschnidden ass, identifizéieren déi konkreet Hiewelen, fir déi festgeluechten Ziler ze erreechen, a stellen déi technesch an administrativ Koordinatioun tëschent deenen eenzele bedeelegten Acteure sécher.

Analysen, Dokumentatioun a Certificatioun

Eis Roll deckt och d’Duerchféierung vun deenen erfuerderlechen Analysen, d’Virleeë vun de Beweisdokumenter an den direkte Lien mat de Certificatiounsorganismen of.

Label als Motor fir nohalteg Qualitéit

Duerch dës strukturéiert Approche kënnen d’Ufuerderunge vum Label vun Ufank un integréiert ginn, als reegelrechte Motor fir nohalteg Qualitéit genotzt ginn an d’Lisibilitéit wärend dem ganze Projet garantéiert ginn.

Eis Projeten

Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.

Wéi kënne mir Iech hëllefen?

Eist Expertenteam steet prett, fir Iech z’ënnerstëtzen an zesummen erauszefannen, wéi mir Iech bei Ärer Ufro kënnen hëllefen. Wann Dir dëst Formulaire ausfëllt, wäert eng Persoun aus eisem Team Iech kontaktéieren. Dëst Formulaire ass ausschliisslech dofir geduecht, méi Informatiounen iwwer eis Sweco Business Solutions unzefroen.
  • Drop files here or
    Max. file size: 50 MB.