
Energieeffizienz
D’Energieeffizienz ass an all Projet vu gréisster Bedeitung. Sweco analyséiert den Energieverbrauch vun de Gebaier vun der initialer Konzeptioun bis zu der Fäerdegstellung, fir passend a geziilt Léisunge virschloen ze kënnen.
Integréiert Energiestrategien fir effikass Gebaier
Eis Experte schaffen integréiert Strategië fir d’Aspuere vun Energie, d’Produktioun vun erneierbaren Energien, d’Cogeneratioun an eng intelligent Gestioun vun de Reseauen aus. Si féiere PEB-Berechnungen (Energieberechnunge fir Gebaier) an dynamesch thermesch Simulatiounen duerch an optiméieren d’Energieeffizienz. Op dës Manéier stelle mir sécher, datt d’Gebaier net nëmme wirtschaftlech sinn, mee wärend hirer gesamter Liewensdauer och confortabel a gesond bleiwen.
Eis Projeten
Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.
