Machbarkeetsetüden an Entwécklung vun nohaltege Projeten

Schonn an den éischten Etappe vun engem Projet féiert Sweco ëmfaassend Machbarkeetsetüden duerch.

Szenario-Analysen fir déi bescht Entscheedungen

Mir ënnersichen déi technesch, ekonomesch, juristesch a raimlech Contrainten, fir verschidden Zenarien ze evaluéieren an eis Clienten dobäi ze ënnerstëtzen, déi bescht Decisioune fir hire Projet ze treffen.

Sozial an ekologesch Impakter am Bléck

Parallel dozou analyséiere mir déi sozial an ekologesch Auswierkungen, fir d’Ambitiounen a konkreet, nohalteg Projeten ze verwandelen, déi vun alle bedeelegte Parteien akzeptéiert ginn.

Eis Projeten

Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.

Wéi kënne mir Iech hëllefen?

Eist Expertenteam steet prett, fir Iech z’ënnerstëtzen an zesummen erauszefannen, wéi mir Iech bei Ärer Ufro kënnen hëllefen. Wann Dir dëst Formulaire ausfëllt, wäert eng Persoun aus eisem Team Iech kontaktéieren. Dëst Formulaire ass ausschliisslech dofir geduecht, méi Informatiounen iwwer eis Sweco Business Solutions unzefroen.
  • Drop files here or
    Max. file size: 50 MB.