
Elektresch Systemer
Mir entwerfen elektresch Systemer, déi der haiteger Notzung entspriechen, gläichzäiteg awer och den zukünftegen Entwécklunge virgräifen.
Elektresch Systemer vu Nidder- bis Mëttelspannung
Eis Léisungen decke sämtlech Besoinen of, vun der Nidder- bis zur Mëttelspannung: Beleuchtung, allgemeng Stroumversuergung, Verdeelertabloen, Borne fir elektresch Gefierer, Noutstroumsystemer, Photovoltaik-Integratioun, Blëtzschutz asw.
D’Dimensioune vun all System sinn op d’Specificitéite vum Gebai, déi erwaarten Notzung an d’Erausfuerderungen am Energieberäich vum Site ofgestëmmt. Mir berücksichtege Consommatiounsspëtzten, d’Méiglechkeet vun der Aspeisung vun Energie an d’Netz an d’Ufuerderunge bei der Maintenance, fir e laangfristeg optimale Fonctionnement ze garantéieren.

Eis Projeten
Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.
