
Nohalteg Konzeptioun
Bei Sweco ass Nohaltegkeet keng Optioun, mee den Ausgangspunkt vun all Konzeptioun.
Kreeslafstrategien fir resilient Gebaier
Mir applizéiere Kreeslafstrategien a notze Liewenszyklusanalysen, CO₂-Berechnungen a Materialpäss. Eis Approche ass net drop ausgeriicht, einfach nëmme reglementaresch Bestëmmungen anzehalen, mir wëlle resilient, evolutiv Gebaier erriichten, déi d’Ressourcë schützen a kapabel sinn, den ekologeschen Erausfuerderunge vun haut a vu muer gerecht ze ginn.
Integratioun vu Kreeslaf an der Konzeptioun
Mir integréiere schonn an der Konzeptiounsphas Kreeslafstrategien, déi duerch konkreet Instrumenter wéi Liewenszyklusanalysen, CO₂-Berechnungen a Materialpäss ënnerstëtzt ginn. Mat dëser Methodologie ass et méiglech, Hiewele fir d’Reduktioun vun der Ëmweltbelaaschtung ze identifizéieren an déi technesch Decisiounen a Richtung verantwortungsbewosste Choix ze lenken.

Eis Projeten
Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.
