
Akustik- a Vibratiounstechnik
Den akustesche Confort spillt fir d’Wuelbefannen an de Gebaier eng entscheedend Roll. Mir bei Sweco entwéckelen Environnementer, an deenen de Schall kontrolléiert gëtt an un d’Notzung vun der Plaz mat hire spezifeschen Ufuerderungen ugepasst ass.
Ëmfaassend Akustiketüden
Eis Akustikingenieure realiséieren ëmfaassend Etüden, fir d’Isolatioun géint Kaméidi ze optiméieren, egal ob deen op d’Loft, Impakter, technesch Anlagen oder extern Quellen zeréckzeféieren ass.
Notzungsorientéiert Approche
Eis Approche berücksichtegt déi tatsächlech Notzung vu Raim: Büroen, Wunnengen, Schoulen, Spideeler, Laboratoiren oder sensibel Environnementer. Mir modelléieren akustesch a vibratiounstechnesch Phenomeener, fir de richtegen Ëmgang domat ze recommandéieren, sief et d’Isolatiounen tëschent Beräicher optiméieren, den Nohall a gemeinschaftleche Beräicher limitéieren oder d’Iwwerdroung vu Vibratioune kontrolléieren.
Integréiert mat anere Fachberäicher
Dës Expertis ass enk mat anere Fachberäicher vum Projet verknëppt, fir confortabel Gebaier ze garantéieren, déi de Reglementatiounen entspriechen an un d’Ufuerderunge vun all Benotzer ugepasst sinn.
Eis Projeten
Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.
