Wunne mat der Wooltz

De Startschoss ass gefall
E Mëttwoch, den 23. Oktober huet de Fonds du Logement mam Spuet de Startschoss ginn fir e multifunktionaalt Gebai, dat am Kader vum Projet „Wunne mat der Wooltz“ an der Gemeng Wolz gebaut gëtt, dat a Presenz vum Här Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, der Madamm Carole Weigel, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Woltz, der Madamm Diane Dupont, Presidentin vum Verwaltungsrot vum Fonds du Logement, an dem Här Jacques Vandivinit, Direkter vum Fonds du Logement.
D’Gebai am Quartier Geetz wäert an Zukunft 34 abordabel Wunnenge mat enger oder zwou Schlofkummeren a mat enger Fläch vu 55 bis 92 m² bidden.
500 Awunner, verdeelt op 1.085 Wunnengen, solle sech an Zukunft am „Wunne mat der Wooltz“ installéieren. Fir méi iwwer dëse Projet gewuer ze ginn, klickt hei.
Aner Neiegkeeten

Neien Automobilspol vu Merbag zu Pontpierre
Weiderliesen

Neie Schoulkomplex Elmen
Weiderliesen

„Giewerei: éischte Spuedestéch! Quartier Wunne mat der Wooltz zu Wolz
Giewerei zu Wolz: Start vum Bau vun engem nohaltege Quartier mat 155 bezuelbare Wunnengen, Fokus op Zirkularitéit a Liewensqualitéit. Weiderliesen