De Service des régies gouf ageweit!

Entdeckt de Projet a Biller
E Freideg, den 20. September gouf deen neie Service des régies vun der Gemeng Beetebuerg ageweit, dat a Presenz vum Inneminister Léon Gloden a vum Buergermeeschter vun der Gemeng, dem Laurent Zeimet.
Méi Plaz, modern Raimlechkeeten a virun allem technesch Servicer, zentraliséiert op engem Site, deen hire Besoinen entsprécht.
Am Haaptgebai sinn nieft de Büroen an engem Reuniounssall och eng Kantin fir d’Mataarbechter a Vestiairen ënnerbruecht. Zum Site gehéieren och nach verschidden Atelieren, dorënner d’Schlässerei, d’Blummenziichterei, d’Gäertnerei, e Steemetzeratelier an d’Schräinerei. Eng Wäschanlag fir d’Gefierer an e Lager fir Baudeeler gehéieren och nach zum Ensembel.
Am Beräich vun de Spezialtechniken ass besonnesch en hybriden Heizsystem ervirzehiewen. Dëse kombinéiert eng Wäermepompel, déi vun 28 geothermesche Buerungen an 100 Meter Déift gespeist gëtt, an eng Gasheizung, déi awer nëmme bei aussergewéinlech kalen Temperaturen zum Asaz kënnt.
Op den Diecher vun den Hale B, C an D goufe Photovoltaikpannoen installéiert. An deenen anere Gebaier goufen an der Chantiersphas schonn déi néideg Kabele verluecht, fir datt si an Zukunft mat Solarpannoen ekipéiert kënne ginn.
Aner Neiegkeeten

Luxembourg Architecture Award: And the winner is…
Weiderliesen

Fussball, gutt Stëmmung an e staarken Teamgeescht!
Weiderliesen

Neie Schoulkomplex Elmen
Weiderliesen