En Dag als …

Eis Beruffer de jonke Generatioune méi no bréngen
E Mëttwoch, den 22. Januar 2025 huet am Lycée Michel Rodange an der Stad déi 3. Editioun vum Evenement „En Dag als Architekt a berodenden Ingenieur“, organiséiert vun der OAI, stattfonnt.
D’Zil? De Schüler a Schülerinne vun der 3e, 2e a 1ère d’Beruffer vum Architekt an dem berodenden Ingenieur op eng spilleresch a pedagogesch Manéier méi no ze bréngen.
Esou konnten d’Participantë bei dësem Evenement iwwer villfälteg physikalesch a cheemesch Experimenter aus dem Konstruktiounsberäich an d’Welt vum techneschen Ingenieurswiesen andauchen. D’Schüler hu sech mat villen ënnerschiddlechen Theeme wéi Akustik, thermesch Stralung, Loftqualitéit, Beleuchtung a villes méi beschäftegt.
D’Atelieren, déi vum Elise Rein, Team Manager Advanced Engineering bei Betic, part of Sweco, an dem Mike Dusseldorf, Administrateur bei Goblet Lavandier, animéiert goufen, si bei de Schüler op groussen Interessi gestouss.
Dësen Dag war eng gutt Geleeënheet, fir déi Jonk virwëlseg ze maachen an d’Beruffer am Ingenieursberäich ze promovéieren.
Aner Neiegkeeten

Réckbléck op de Sweco’stival : en inspiréierenden a festlechen Owend
Weiderliesen

Wann d’Talenter reesen …
Sweco Luxembourg trëtt dem Sweco Erasmus-Programm bäi a bitt Mataarbechter d’Méiglechkeet, Kompetenzen an Europa ze entwéckelen an Zesummenaarbecht ze stäerken. Weiderliesen

Progroup a +ImpaKT triede Sweco bäi
Sweco Lëtzebuerg wiisst: Progroup a +ImpaKT triede bäi. Eng Allianz fir nohalteg, integréiert Bauprojeten iwwer de ganze Liewenszyklus. Weiderliesen