Progroup a +ImpaKT triede Sweco bäi

Eng Allianz am Déngscht vu méi nohalteger an integréierter Bauweis
Sweco annoncéiert iwwer seng Lëtzebuerger Filial Betic, part of Sweco d’Acquisitioun vun 100 % vun den Undeeler vun de Gesellschafte Progroup a +ImpaKT. Dës strateegesch Operatioun markéiert eng nei Etapp an der Entwécklung vum Grupp zu Lëtzebuerg a bestätegt seng Ambitioun, en integréierten a privilegiéierte Partner fir all Bauprojet ze ginn, deen de Mënsch an d’Ëmwelt an de Mëttelpunkt stellt – vun den éischten Iwwerleeungen iwwer d’Maintenance bis zu der Neigestaltung vu Bauwierker.
Dës Allianz bréngt dräi komplementar Kompetenzen zesummen:
Betic, part of Sweco: technesch Ingenierie an Advanced Engineering
Progroup: Gestioun an Duerchféiere vu Projeten
+ImpaKT: Kreeslafwirtschaft an Innovatioun am Beräich Nohaltegkeet
D’Zil ass kloer: eng global, integréiert Approche ubidden, déi de komplette Liewenszyklus vun engem Projet ofdeckt – vun der Definitioun vun de Besoinen iwwer d’Konzeptioun a Realisatioun bis zur Exploitatioun. Dës nei Konfiguratioun, déi d’Kreeslafwirtschaft direkt an deenen éischte Phasen als Strukturkrittär abënnt, soll bewierken, datt sech d’Baupraktiken zu Lëtzebuerg nohalteg veränneren.
INFO+ :
Pressecommuniqué – Franséisch.
Fotolegend (vu lénks no riets): Marc Van Put, Vicky De Bollen, Peter Vanhoegaerden, Erwin Malcorps, Laëtitia Poulles Roy, Romain Poulles, Pierre Van Den Eynde, Jeannot Schroeder.
Foto: Marie De Decker
Aner Neiegkeeten

Luxembourg Architecture Award: And the winner is…
Weiderliesen

Fussball, gutt Stëmmung an e staarken Teamgeescht!
Weiderliesen

Neie Schoulkomplex Elmen
Weiderliesen
