Grouss Neiegkeet!

Sweco finaliséiert d’Acquisitioun vu VK architects+engineers
Sweco huet d’Reprise vu VK architects+engineers a vun alle VK-Filiale finaliséiert. Dozou gehéieren de Bureau d’études Infranea, de Bureau d’architecture et d’ingénierie DENC an de Bureau d’ingénierie One Simulations, part of Sweco an Holland, déi belsch Gesellschafte Van Looy Group, part of Sweco, an Exilab, part of Sweco, Betic Ingénieurs-Conseils, part of Sweco zu Lëtzebuerg an AD Architects, part of Sweco an England. D’Acquisitioun baséiert op der Geneemegung vun der Konventioun duerch déi belsch Autorité de la concurrence.
Mat der Reprise stäerkt Sweco seng Positioun als Leader um Marché an der Belsch an zu Lëtzebuerg a verfollegt virun allem säin Zil, e Partner fir de komplette Liewenszyklus am Bausecteur ze ginn.
Duerch d’Zesummeleeë vun eise Stäerkte kënne mir zu enger klimafrëndlecher an zukunftssécherer Ëmwelt bäidroen, bei där d’Gesondheet an d’Wuelbefannen un éischter Stell stinn. Mat enger staarker, multidisziplinärer Ekipp kënne mir eng integréiert Approche ëmsetzen an e Partner fir de komplette Liewenszyklus ginn, dee sech an all Projet op d’Nohaltegkeet, d’Innovatioun an d’Digitalisatioun konzentréiert.
Mir freeën eis op den Ufank vun enger grousser Kollaboratioun, déi d’Transformatioun vun eiser Gesellschaft beschleunege wäert!
INFO+ VK architects+engineers
© piXeleni photography
Foto vu lénks no riets: Dirk Slabbinck (CTO VK architects+engineers), Paul Corbeel (CEO VK architects+engineers), Karel Verhaeghe (CFO VK architects+engineers), Alain Bossaer (COO VK architects+engineers), Erwin Malcorps (Business Area President, Sweco Belgium), Alain Keppens (Founding Partner D2E Capital), Ivo Marechal (Founding Partner D2E Capital), Vicky De Bollen (Director Finance, Facility & Legal, Sweco Belgium), Peter Vanhoegaerden (Division Director Buildings, Sweco Belgium), Marc Van Put (M&A Integration Manager, Sweco Belgium), Regis De Preter (Investment Associate D2E Capital).
Aner Neiegkeeten

Réckbléck op de Sweco’stival : en inspiréierenden a festlechen Owend
Weiderliesen

Wann d’Talenter reesen …
Sweco Luxembourg trëtt dem Sweco Erasmus-Programm bäi a bitt Mataarbechter d’Méiglechkeet, Kompetenzen an Europa ze entwéckelen an Zesummenaarbecht ze stäerken. Weiderliesen

Progroup a +ImpaKT triede Sweco bäi
Sweco Lëtzebuerg wiisst: Progroup a +ImpaKT triede bäi. Eng Allianz fir nohalteg, integréiert Bauprojeten iwwer de ganze Liewenszyklus. Weiderliesen