Skip to content

Gebaier vun der Zukunft…
A wa richteg Innovatioun onsiichtbar wier?

D’Gebaier vun der Zukunft wäerten sech net nëmmen duerch méi intelligent Technologien oder ëmmer méi streng Zertifizéierungen definéieren. Déi wierklech Transformatioun ass dacks manner siichtbar: Si läit doran, wéi Projeten vun den alleréischte Schrëtt u geduecht, strukturéiert an an de Prozess begleet ginn.

Wéi d’Elise Rein, Team Manager Advanced Engineering, et ënnersträicht: ‚Et sinn déi Froen, déi direkt um Ufank vum Projet gestallt ginn, déi seng laangfristeg Relevanz bestëmmen.‘

De projet anescht denken – vun der phas 0 un

Territorial Verankerung, Mobiliséierung vu lokale Ressourcen, Méiglechkeete fir Re-Use/Wiederverwendung: dës Entscheedunge beaflossen direkt d’Machbarkeet, d’Delaien an den CO₂-Foussofdrock. An engem onséchere Kontext gëtt den Territoire zu engem strateegeschen Hiewel fir méi Resilienz. D’Phas 0 ass entscheedend: An dëser Etapp ginn d’Leeschtungsziler, déi grouss technesch Arbitragen an déi global Strategie definéiert. Dat erméiglecht et, Ambitiounen, Budget a Kalenner ofzestëmmen, ier de Projet festgeluecht gëtt.Schlussendlech heescht e Gebai ze konzipéieren net méi just etze liwweren.  Wann een d’Betribsphas schonn an der Planung integréiert – vum Suivi vun der Performance bis op de Feedback vun den Notzer an d‘Upassungsfäegkeet – da gëtt d’Gebai zu engem evolutive System, dat sech mat der Zäit weider verbessere kann.

De kompletten Artikel fannt Dir am Neomag Nr. 76 op der Säit 53: https://www.neomag.lu/neomag-76.html#book/53

 

 

Aner Neiegkeeten

ProjetenJune 1, 2026

Neien Automobilspol vu Merbag zu Pontpierre

Weiderliesen

ProjetenJune 1, 2026

Neie Schoulkomplex Elmen

Weiderliesen

Anerer, ProjetenApril 8, 2026

„Giewerei: éischte Spuedestéch! Quartier Wunne mat der Wooltz zu Wolz

Giewerei zu Wolz: Start vum Bau vun engem nohaltege Quartier mat 155 bezuelbare Wunnengen, Fokus op Zirkularitéit a Liewensqualitéit. Weiderliesen

Wéi kënne mir Iech hëllefen?

Eist Expertenteam steet prett, fir Iech z’ënnerstëtzen an zesummen erauszefannen, wéi mir Iech bei Ärer Ufro kënnen hëllefen. Wann Dir dëst Formulaire ausfëllt, wäert eng Persoun aus eisem Team Iech kontaktéieren. Dëst Formulaire ass ausschliisslech dofir geduecht, méi Informatiounen iwwer eis Sweco Business Solutions unzefroen.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
  • Drop files here or
    Max. file size: 50 MB.