Kannermusée Plomm

Aweiung
Enn Abrëll gouf deen éischten nationale Musée, dee ganz de Kanner gewidmet ass, zu Wolz ageweit, dat a Presenz vun de Ministeren Eric Thill, Martine Hansen a Claude Meisch a ville Vertrieder aus dem ëffentleche Liewen, dorënner d’Buergermeeschtesch vun der Gemeng Wolz, d’Madamm Carole Weigel.
Mat enger Fläch vun iwwer 1.700 m² steet dësen a senger Aart eenzegaartege Musée ganz am Zeeche vum Entdecken, dem Léieren an der Kreativitéit. Déi ugebueden Ausstellungen a Workshoppe befaasse sech mat aktuelle gesellschaftlechen a kulturellen Theemen, fir de Kanner d’Méiglechkeet ze ginn, d’Welt ronderëm si an hirem eegene Rhythmus ze verstoen a gläichzäiteg hiren natierleche Virwëlz auszeliewen.
Aner Neiegkeeten

Neien Automobilspol vu Merbag zu Pontpierre
Weiderliesen

Neie Schoulkomplex Elmen
Weiderliesen

„Giewerei: éischte Spuedestéch! Quartier Wunne mat der Wooltz zu Wolz
Giewerei zu Wolz: Start vum Bau vun engem nohaltege Quartier mat 155 bezuelbare Wunnengen, Fokus op Zirkularitéit a Liewensqualitéit. Weiderliesen