Aweiung … a Seenen

Entdeckt de Centre Elise Dufaing
E Freideg, de 4. Oktober gouf de Centre Elise Dufaing ageweit, dat a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, an der Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg.
Dëse Projet, gedroe vun de Franziskanerinne vun der Baarmhäerzegkeet, huet verschidde Funktiounen: Zenter fir psycho-geriatresch Dagesbetreiung, Hëllef a Fleeg, Formatioun, Crèche oder och nach Studentewunnengen. Dat Ganzt ass op véier Gebaier verdeelt, déi deels renovéiert, deels nei gebaut goufen.
Wann Dir méi gewuer wëllt ginn, da entdeckt de gemeinsamen Interview vum Bastien Weinum an dem Marc Lorant, allebéid Ingenieure bei Betic, part of Sweco, an dësem Artikel aus dem Neomag vum Juni 2024.
Aner Neiegkeeten

Südspidol mécht e wichtege Schrëtt a Richtung mënschefrëndlecht Spidol vun der Zukunft
Weiderliesen

Luxembourg Architecture Award: And the winner is…
Weiderliesen

Fussball, gutt Stëmmung an e staarken Teamgeescht!
Weiderliesen