Fussballstournoi!

Let the show begin!
En Donneschdeg, den 3. Juli huet eis Ekipp d’Tastature géint Fussballschong getosch, fir beim Tournoi, organiséiert vu PROgroup, part of Sweco, matzemaaachen. Um Terrain? Spill, Stil (méi oder manner maitriséiert) a virun allem … eng super Stëmmung!
An de Klassement? Eng éierbar 20. Plaz vu 24. Jo, mir hate scho mol besser Resultater, dofir hu mir eis awer um Niveau vum Teamgeescht an der gudder Laun rattrapéiert. An dat moosst een (zum Gléck fir eis) net mat der Zuel vu Goler.
Ausserdeem … wie brauch schonn e Podium, wann een déi bescht Stëmmung huet? Eis héichmotivéiert Cheerleaderinnen hunn op der Säitelinn fir Rambazamba gesuergt. Si waren de ganzen Owend derbäi an hunn all Aktioun (souguer déi mësslongen) aus vollem Hals ugefeiert. Hir kommunikativ Energie huet eis Ekipp reegelrecht geboost an och d’Tribünen zum Schmunzele bruecht!
A wat soll een eréischt zu eisem Lidd soen! Selwer komponéiert, mat eegenen Texter, huet dat Lidd d’Ambiance vun der éischter Nout un elektriséiert. E staarke Moment, deen eis all an Erënnerung bleiwe wäert!
B-E-T-I-C
Betic, dat si mir, jo dat ass fantastesch!
Mir kämpfen, mir wannen, e Spektakel ouni Enn,
Betic no vir, ech sinn e grousse Fan!
E grousse Merci u PROgroup, part of Sweco, fir déi wonnerbar Organisatioun a bravo fir all d’Ekippen!
Aner Neiegkeeten

Réckbléck op de Sweco’stival : en inspiréierenden a festlechen Owend
Weiderliesen

Wann d’Talenter reesen …
Sweco Luxembourg trëtt dem Sweco Erasmus-Programm bäi a bitt Mataarbechter d’Méiglechkeet, Kompetenzen an Europa ze entwéckelen an Zesummenaarbecht ze stäerken. Weiderliesen

Progroup a +ImpaKT triede Sweco bäi
Sweco Lëtzebuerg wiisst: Progroup a +ImpaKT triede bäi. Eng Allianz fir nohalteg, integréiert Bauprojeten iwwer de ganze Liewenszyklus. Weiderliesen
