
Schoul a Crèche zu Waasserbëlleg
Am neie Schoulgebai zu Mäertert-Waasserbëlleg ass Plaz fir 15 Klasse vum Cycle 2. bis 4., eng Crèche, eng Mediathéik, eng Produktiounskiche mat Iessraim an e Loftkëssentrampolin (Airtramp).
- Bauhär
- Administration communale de Mertert-Wasserbillig
- Partner
- BalliniPitt Architectes Urbanistes, Gilles Kintzlé Architecte, Daedalus Engineering, BEST Ingénieurs-Conseils, Graner Peter & Associés
- Optragsaart
- Vollstännegen Optrag Spezialtechniken
- Realisatioun
- 2017–2022
- Bruttofläch
- 6.500 m²
- Bruttovolume
- 17.500 m³
Eng modern Schoul an engem authentesche Kader
D’Schoul mat hiren dräi Niveauen zeechent sech duerch hir länglech Form aus, déi op zwee massive Sockelen aus regionale Steegabione steet. D’Faarf vun der Fassadeverkleedung aus Streckblech gëtt dem Volume vum Gebai Dynamik a Liichtegkeet.
Hell a funktionell Klassesäll
All 15 Klassesäll mat hire grousse Fënstere sinn no Nordwesten orientéiert. D’Gäng un der Südfassad sinn iwwer déi grouss Haapttrap ze erreechen.
Eng onofhängeg Crèche fir Kanner
Den Zougang zur Crèche befënnt sech am südwestleche Sockel. D’Eltere kënne mat der Poussette de Receptiounsberäich betrieden, ier se an ee vun de sechs Raim kommen. An engem Raum am Sous-sol, deen direkt mam Lift erreechbar ass, kënnen d’Poussettë wärend dem Dag geparkt ginn. Déi sechs Raim vun der Crèche verfügen all iwwer en altersgerechte Sanitärberäich. D’Crèche funktionéiert onofhängeg vun der Schoul. Déi eenzeg Verbindung tëscht den zwou Entitéiten ass d’Mediathéik um Rez-de-chaussée.
Eng Mediathéik fir jiddereen
D’Mediathéik empfänkt d’Schülerinnen an d’Schüler aus der Schoul op zwee Stäck; ass awer och fir all interesséiert Biergerin a Bierger vun der Gemeng zougänglech, och ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun der Schoul iwwer d’Agangshal.

Eng Produktiounskichen fir 500 Molzechten
Den nordëstleche Sockel ëmfaasst eng Produktiounskichen, an där 500 Molzechte virbereet ginn. Nieft de Moolzechte fir d’Crèche, gëtt de gréissten Deel un aner ausserschoulesch Ariichtunge vun der Gemeng geliwwert.
Iessraim a flexibele Raimlechkeeten
Dräi Iessraim befanne sech nordwestlech, op der Säit vum Schoulhaff. Zesumme mam Preau, deen hallef zou ass, bilde se Raimlechkeeten, wou Aktivitéite bei Reen oder am Wanter ofgehale gi kënnen. Déi 3 Säll wéi och de Preau verfügen iwwer stapelbar, mobil Trennwänn, déi maximal Flexibilitéit bei der Notzung bidden.

Innovativ sportlech an pedagogesch Infrastrukturen
Un der nordwestlecher Extremitéit leien de Sall mam Airtrump an d’Theemesäll, wéi zum Beispill e Bastelatelier an eng Léierkichen.
Eng nohalteg a flexibel Bauweis
D’Gebai ass eng Holz/Bëton-Konstruktioun. Dëse System erméiglecht eng séier an effikass Ausféierung an erfëllt gläichzäiteg d’Ufuerderungen un d’Isolatioun vun engem Gebai vun der Energieklass ABB. Am Hibléck op eng méiglech zukünfteg Erweiderung vun der Schoul, kann d’Schoulfassad ofmontéiert an en zweete Volume mat Klassesäll bäigefüügt ginn.
