
Energie- a Wärmenetzer
Mir entwerfe Wärme- a Kältenetzer, déi eng nohalteg Versuergung vun de Gebaier, Quartieren oder industrielle Sitte sécherstellen. All Projet gëtt u säin Ëmfëld an un d’Potenzial vun de verfügbaren erneierbaren Energien, wéi Geothermie, Abwärme oder Solarthermie ugepasst
Thermesch Netzwierker fir d’Energietransitioun
Eis Ekippe modeliséieren déi thermesch Besoinen, bestëmmen d’Gréisst vun de Reseauen an evaluéieren hir technesch a wirtschaftlech Integratioun. Op der Basis vun dëser Zenario-Analys begleede mir eis Cliente bei hiren Entscheedungen a Bezuch op Investissementer, Uschlëss oder Erweiderungen a stellen d’Kompatibilitéit mat de besteeënden Infrastrukture sécher.
Dës Reseaue strukturéieren eng méi lokal, méi resilient Energieproduktioun, déi besser op d’Ziler vun der Energietransitioun ofgestëmmt ass.
Eis Projeten
Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.
