Formatioun a Bildung am Beräich Kreeslafwirtschaft

Mat méi ewéi engem Joerzéngt Erfarung an der Kreeslafwirtschaft hëllefen eis Experte vu Sweco Iech, d’Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft an interaktive Sessiounen, déi op Är Besoinen zougeschnidde sinn, ze verstoen an ëmzesetzen.

Best Practices vun der Kreeslafwirtschaft fir privat an ëffentlech Organisatiounen

E Formatiounsprogramm, fir d’Chancë vun der Kreeslafwirtschaft ze entdecken an d’Innovatioun an Ärer Organisatioun ze stimuléieren.

Bildungsprogrammer fir Schoulen, Lycéeën an Universitéiten

Dëse Programm, dee sech u Schülerinnen a Schüler ab 12 Joer riicht, presentéiert déi theoreetesch Grondlage vun der Kreeslafwirtschaft. D’Participanten erfuersche konkreet Applikatiounen, déi d’Innovatioun an eng verantwortungsvoll Gestioun vun de Ressourcë fërderen, a ginn esou op d’Erausfuerderunge vun der Zukunft am Beräich nohalteg Entwécklung virbereet.

Eis Projeten

Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.

Wéi kënne mir Iech hëllefen?

Eist Expertenteam steet prett, fir Iech z’ënnerstëtzen an zesummen erauszefannen, wéi mir Iech bei Ärer Ufro kënnen hëllefen. Wann Dir dëst Formulaire ausfëllt, wäert eng Persoun aus eisem Team Iech kontaktéieren. Dëst Formulaire ass ausschliisslech dofir geduecht, méi Informatiounen iwwer eis Sweco Business Solutions unzefroen.
  • Drop files here or
    Max. file size: 50 MB.