
HVAC (Heating, Ventilation, Air-conditioning)
Evaluéiert an optiméiert d’Nohaltegkeet vun Äre Produiten a Projeten. Mir féieren eng komplett Evaluatioun vun der Circularitéit duerch, fir d’Kreeslaf-Performance ze moossen a Méiglechkeeten opzedecken, fir d’Effizienz vun de Ressourcen ze verbesseren, den Impakt op d’Ëmwelt ze miniméieren a laangfristeg Wäertschöpfung sécherzestellen.
Inventaire vun de Materialer
Dokumentéiert systematesch d’Materialer, déi an Äre Produite benotzt ginn, fir eng effikass Gestioun vun de Ressourcen ze fërderen an d’Méiglechkeete fir eng Weiderverwendung vun de Materialer a fir Wäertschöpfung ze maximéieren.
Evaluatioun vun Ärem CO2-Ofdrock
Mir hëllefen Iech, Är CO2-Emissiounen ze verstoen, fir Ären CO2-Ofdrock ze reduzéieren an Äre Bäitrag zu enger méi nohalteger Zukunft ze leeschten.
Miesse vun de Circularitéitsindicateuren
Mir liwweren Iech konkreet Informatiounen, fir d’Effizienz vun de Ressourcen ze verbesseren, d’Liewensdauer vun Äre Produiten ze verlängeren an d’Entstoe vun Offall ze verhënneren. Heizou gehéiere Strategien, fir den Ofbau oder d’Auserneeleeë vun de Produiten, de Recyclage, d’Weiderbenotzen oder d’Reparatur ze vereinfachen.
Eis Projeten
Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.
