Entwécklung vun enger Kreeslafwirtschaftstrategie fir d’Resilienz ze stäerken

Eis Ekipp vun Experte begleet déi ëffentlech a privat Organisatioune bei der Konzeptioun an der Ëmsetzung vu Strategien an der Kreeslafwirtschaft.

D’Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft an Är Strategie abannen

Zesumme schaffe mir Strategien a Roadmaps mat prakteschen Etappen a miessbaren Ziler aus. Esou kënne wirtschaftlech Leeschtung a Verbesserung  vum gesellschaftlechen Impakt ënnert een Hutt bruecht a gläichzäiteg d’Notzung vun de Ressourcen optiméiert ginn.

D’Innovatioun mat enger neier Visioun stimuléieren

Duerch d’Entwécklung vu moossgeschneiderte Kreeslafwirtschaftsmodeller an d’Iwwerdenke vun Äre Prozesser hëllefe mir Iech, innovativ an zukunftsweisend Léisungen ze kreéieren. Dës Approche verbessert d’Rentabilitéit, stäerkt d’Resilienz vun Ärer Organisatioun a bereet Iech op d’Erausfuerderunge vun der Zukunft vir.

D’Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft um territoriale Plang ëmsetzen

Mir schaffen enk mat Iech zesummen, fir déi potenziell Praktike vun der Kreeslafwirtschaft ze identifizéieren, déi eng nohalteg Entwécklung an de Regiounen an an de Gemenge fërderen a gläichzäiteg d’Effizienz vun hire Ressourcë verbesseren.

Eis Projeten

Stied an Gebaier stinn am Mëttelpunkt vun de Nohaltegkeets Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Zu Lëtzebuerg designt Sweco urban Raim an Gebaier, déi nohalteg, inklusiv an intelligent sinn. Eis multidisziplinär Ekippe verbannen Expertise an Architektur, Ingenieurwiesen an Ëmwelt, fir integréiert Léisungen z’entwéckelen: resilient Quartieren, niddreg-Energie-Gebaier an agréabel Liewensraim. Iwwer d’Digitaliséierung, zirkulär Materialer an d’Integratioun vun der Biodiversitéit schafe mir Ëmfeld, déi fir muer prett sinn.

Wéi kënne mir Iech hëllefen?

Eist Expertenteam steet prett, fir Iech z’ënnerstëtzen an zesummen erauszefannen, wéi mir Iech bei Ärer Ufro kënnen hëllefen. Wann Dir dëst Formulaire ausfëllt, wäert eng Persoun aus eisem Team Iech kontaktéieren. Dëst Formulaire ass ausschliisslech dofir geduecht, méi Informatiounen iwwer eis Sweco Business Solutions unzefroen.
  • Drop files here or
    Max. file size: 50 MB.